Aller au contenu

S’engager activement à la protection de la nature ! Un cycle de formation continue

De la théorie à l’engagement dans la pratique: Un cycle de formation continue du Mouvement Ecologique et de l’Oekozenter Pafendall

Eis natierlech Ëmwelt läit ville vun eis um Häerz: wéinst hirer Schéinheet, hirem Erhuelungswäert, hirer Bedeitung fir d’Aartevillfalt. An awer geet den Aarten- a Biodiversitéitsverloscht zu Lëtzebuerg – trotz positiven Initiativen – weider.

Geet et Iech net duer, duerch Är Memberschaft an enger Organisatioun, den Akaf vu Bioproduite … eppes géint dës Entwécklung ze maachen?

Dann ass dëse Formatiounszyklus vum Mouvement Ecologique an Oekozenter Pafendall genau dat richtegt fir Iech… !

Mir wëllen Iech net nëmmen d’Natur entdecke loossen, verstoe léiere wéi eng Zesummenhäng et do gëtt, mee och dat néidegt Wëssen an Ureegunge vermëttelen, sech fir den Erhalt vun eiser Natur a Landschaft ganz konkret anzesetzen: an Ärer Gemeng, an Ärer Regioun, an engem Veräin, am Mouvement Ecologique…

Detailer dozou fand Dir am Download op deser Säit.

< Retour